Skip to main content

Eng nei Etapp um Wee vun der Porkatechees

Katechees! Mir sinn all derbäi!

Ënnert dësem Thema stoung d’Rentrée pastorale dëst Joer. Ronn 110 engagéiert Mataarbechter a Mataarbechterinnen (Geeschtlech, Diakonen, Uerdensleit, Pastoralreferenten, Titularkatecheeten, Benevoller aus Katechees a Leit aus de Porsekretariater...) haten sech de 27. September 2023 op Invitatioun vum Generalvikar Patrick Muller, an Zesummenaarbecht mam Centre de formation diocésain Jean XXIII (CFD), um Centre Jean XXIII afonnt. Am Numm vum Äerzbëschof Jean-Claude Kardinol Hollerich  huet de Weibëschof Leo Wagener d’Leit begréisst a si encouragéiert, grad an engem historesche Moment vu Kierchsinn, wou d’Diere vun der Synod am gaange sinn opzegoen, un ee Prozess vun Erneierung ze gleewen, deen eist Gebiet brauch. Am Réckbléck op d’Entwécklung vun der Porkatechees zanter 2017 mam Patrick de Rond (Direkter vun der Katechees) a mam Abbé Yves Olinger (Doktorand an der Katechees, LSRS/Tübingen), gouf däitlech, datt et mëttlerweil schon eng ganz Parti Plaazen (14 Pore) gëtt, wou et keng Titularkatecheete méi do ass an d’Katechees vun de Leit aus de jeeweilege Por gedroe gëtt. Grad hei mussen nei Weeër ageschloe ginn an et dierf experimentéiert ginn: Eng lieweg Katechees, déi vun deene Gedeefte gedroen ass, eng Katechees, déi et fäerdeg bréngt, d’Liturgie an d’Diakonie anzebannen. Fraen a Männer, déi hire Glawe wëlle viru ginn si gefrot a gesicht. Benevoller (bene-volo= Ech wëll gutt, d.h. Ech si bereet), fir eng Katechees, déi an eng nei Etapp geet. D’Gaaschtreferentin, d’Mme Isabelle Maissin aus der Diözees Namur, huet an hire liewege Virtrag, deen iwwerschriwwe war: “D’Katechees! All zesummen, all concernéiert!”, hir Erfarunge vun der Basis agebaut. Déi bëscheeflech Delegéiert aus der Nopeschdiözees huet dobäi betount, datt d’Evangelisatioun déi Gedeeften alleguer eppes ugeet. (cf. Poopst Franziskus, Evangelii Gaudium n° 120). Am uschléissenden Austausch gouf dann och däitlech, datt d’Katechees och an eiser Diözees virun neien Erausfuerderunge steet. Dobäi kann de Grupp vun de Katecheeseberoder[1] hëllefen, dee bei dëser Geleeënheet virgestallt gouf. An engem interaktive Moment, deen den Abbé Joël Santer an d’Titularkatecheetin Sonja Sartorius animéiert hunn, goufen d’Leit invitéiert, éischt gutt Friichte vun der Katechees op holzen Äppel ze schreiwen an am Bannenhaff vum CJ23 opzehänken. Um Wee vun dësem Katecheeseprozess sinn net nëmmen déi Haaptamtlech (Geeschtlech/Diakonen a Laien) gefuerdert, mee hei gëtt däitlech, datt d’Katechees déi ganz chrëschtlech Gemeinschaft concernéiert, well de Jesus äis all duerch eis Daf rifft an erausschéckt. “Die im Volk Gottes versammelten und dem einen Leibe Christi unter dem einen Haupt eingefügten Laien sind, wer auch immer sie sein mögen, berufen, als lebendige Glieder alle ihre Kräfte, die sie durch das Geschenk des Schöpfers und die Gnade des Erlösers empfangen haben, zum Wachstum und zur ständigen Heiligung der Kirche beizutragen.“  (II. Vatikanescht Konzil, Lumen Gentium n°33)

No engem agreabele Mëttesdësch am Restaurant vun der Caritas “Table Jean 23” hu ronn 50 Intresséierter un engem Workshop deelgeholl, wou a klenge Gruppen d’Method vun der Katechees mat Benevollen initiéiert gouf.

 

[1] Referenzpersounen aus deenen eenzelnen Dekanater: Hélène Neissen-Schneider, Dekanat Norden; Tanja Konsbruck, Dekanat Zentrum; Daniela Steil, Dekanat Osten; Sonja Sartorius, Dekanat Lëtzebuerg; Christine Bußhardt, Dekanat Süden-Ost; Eric Enders, Dekanat Süden-West + Patrick de Rond, Direkter vun der Katechees; Yves Olinger, Doktorand an der Katechees; Abbé Joël Santer, Renée Schmit, Bëscheeflech Delegéiert fir d’Evangelisatioun an déi diözeesan Bildung, Patrick Muller, Generalvikar a Leo Wagener, Weibëschof.

Fotogallerie: 

IMG 7898

IMG 7901

IMG 7905

IMG 7909

IMG 7910

IMG 7912

IMG 7915

IMG 7917

IMG 7918

IMG 7919

IMG 7921

IMG 7922

IMG 7924

IMG 7925

IMG 7926

IMG 7927

IMG 7928

IMG 7929

IMG 7936

IMG 7938

IMG 7939

IMG 7940

IMG 7941