Skip to main content

22. Februar 2022 ëm 19.30 Auer

„Vivat das Bisthum Luxemburg“?
Die Luxemburger Bistumsfrage als 'culture war' im Spiegel der Presse. 1870-1873.

En neit Bistum – an Zwist an der Gesellschaft

Konferenz am Kader vum Bistumsjubiläum 2020
mam Paul Toschi,
Geschichtsprofessor am Lycée Mathias Adam


Wann d’Kierch hir Positioun an der Gesellschaft ännert, féiert dat gär zu Polemik an der Ëffentlechkeet. Esou och 1870, wéi vu Roum d’Bistum Lëtzebuerg gegrënnt ginn ass, dat eréischt 1873 staatlech unerkannt gouf. Eng Presseaffär ass entstan, mat vehementen Argumenter pro a contra. Och an der Chamber goung et héich hir. D’Fronten tëscht „kathoulesch“ resp. „klerikal“ an „liberal“ resp. „antiklerikal“ ware séier kloer. D‘Konferenz vum Paul Toschi geet op dës zum Deel hefteg Ausenanersetzung mat hiren Ausleefer an der Lëtzebuerger Gesellschaft an. Eemol méi gouf d’Relatioun tëscht Staat a Kierch belaascht an huet déi politesch-ideologesch Spaltung un d’Dagesliicht bruecht, bis hin zu aussepoliteschen Implikatiounen.

 

Conférencier:
Paul Toschi, Joergank 1993. Hien huet zu dësem Sujet seng Masteraarbecht an europäescher Geschicht op der Uni Lëtzebuerg 2018 agereecht. Elo ass hien Geschichtsprofessor am Lycée Mathias Adam.

COVIDCHECK INFO

Konferenzen, Fortbildungen und Veranstaltungen, die im Centre Jean XXIII stattfinden, werden im CovidCheck-Modus organisiert. Bitte denken Sie an Ihr CovidCheck-Zertifikat.

Les conférences, formations et rencontres qui ont lieu au Centre Jean XXIII sont organisées sous le régime CovidCheck. Merci de présenter votre certificat CovidCheck. 

Umeldung

Konferenz den 22. Februar 2022 ëm 19.30 Auer