Skip to main content

Rentrée pastorale 2022

“Wuessen um Wee vun der Evangeliséierung”.

Op Invitatioun vum Generalvikar Patrick Muller huet den 3. Oktober 2022 eng Rentrée pastorale ënnert dem Thema „Wuessen um Wee vun der Evangeliséierung“ stattfonnt. Iwwer 90 pastoral Mataarbechterinnen a Mataarbechter haten sech fir dës Matinée am Centre Jean XXIII afonnt.

Am Numm vum Kardinol Jean-Claude Hollerich, deen als Generalrelator vun der Synod nach zu Roum an de Virbereedungen vun der interkontinentaler Phas war, huet de Weibëschof Leo Wagener all Mataarbechterinnen a Mataarbechter um Ufank perséinlech begréisst a si encouragéiert an der Verschiddenheet vun hire Missioune virun ze goen a synodal um Wee ze bleiwen.

 „Vers une Église différente“ war dann den Thema vum Abbé Henri Bastin, dem 1. Gaaschtreferent, säin Titel. Hien ass op d’Wichtegkeet vun der Helleger Schrëft agaangen an enger Kierch, déi an engem Verännerungsprozess stécht a villfach ze verschwannen dreet. Mam Interview aus dem Joer 1969 vum deemolege Professer Josef Ratzinger ass hien op d’Visioun vun enger anerer Kierch agaangen an huet aus senger eegener pastoraler Erfarung op déi nei Erausfuerderungen um Wee vun der Evangeliséierung insistéiert.

 An der Presentatioun vun enger „Démarche de développement personnel“ huet de Jean-Luc Joly, fréiere Kader supérieur bei der SNCF a selwer Responsabel vu 4000 Mataarbechter, zesumme mam Abbé Jacques Boever vu Léck, Geeschtlech, Diakonen an aner kierchlech Mataarbechterinnen a Mataarbechter op dësem Wee encouragéiert. Éischt Experienze vun dësem Projet goufen an deene leschte Jore schonn an aneren Diözeese gemaach, dorënner Léck, Metz, Avignon an Tournai.

 Um Ufank vum neie Pastoraljoer gouf och de Formatiounsprogramm fir 2022-2023 vun der Equipe vum CFD mat engem flotten Dépliant presentéiert. Als Directrice vum CFD[1] huet d’Renée Schmit op eng éischt Formatiounsmatinée den 20. Oktober 2022 mam Paul M. Zulehner invitéiert, wéi och op d’Komme vun der Dogmatikerin Julia Knop a vum Prof. Tomás Halík opmierksam gemaach.

 Et war deen Dag eng Freed, fir am Geescht vun der Geschwësterlechkeet als Kierch zesummen ze sinn. De Generalvikar Patrick Muller huet zum Schluss seng Dankbarkeet ausgedréckt, d’Leit opgefuerdert beim „Projet de développement personnel“ mat ze maachen an zesumme mat der Sr. Dorothe-Maria, Presidentin vun der CNRL a mam P. Daniel Sonveaux S.J. aus dem Synodegrupp een Ofschlossgebiet proposéiert.

 Uschléissend huet d‘Bistum d’Leit an de Restaurant vum Centre Jean XXIII op ee gemeinsaamt Mëttegiessen invitéiert.

 

[1] Le CFD créé par décret archiépiscopal le 20 juillet 2020 est « un lieu de rencontre, de formation et d’accompagnement pour soutenir les baptisés dans leur mission d’annoncer et de révéler la présence de Dieu dans des lieux multiples ».

fir erofzelueden: Planning vun de Formatiounen 2022-2023